Hey, ech sin d'Bibbes...

 

 

Bei mengen Kollegen sin ech éischter ennert mengem Spetznumm "Bibbes" bekannt, am richtegen Liewen heeschen ech awer Jessica. Privat geneissen ech d'Liewen un der Sait vun mengem Mann, mat deem ech sait Juli 2019 glecklech bestued sin.

 

Vollzait schaffen ech net an der Fotografie. D'Fotografie ass eng Leidenschaft, dei ech mir am Joer 2017 selwer baibruecht hun, an dei ech fie naicht an der Welt weilt opgin. Et ass eng wonnerbar Oofwiesslung zum alldeeglechen Job an een Ausglaich fir mech, well ech mech domadder am beschten an einfachsten ausdrecken kann. 

 

Duerch d'Fotografie hun ech schon ganz vill leif Leit kennegeleiert an ech freen mech emmer extrem, wann dei emmer rem bei mech zreckkommen an ech noo Joeren och emmer nach Kontakt mat hinnen hun.

 

Ech sin daat, waat bei der emotionaler Trauung eng Tréin hannert der Kamera verdreckt. Ech sin daat, wou all Moment matfillt, an dei Momenter mat der Kamera afänkt, dei dir selwer op ärer Hochzait net matkritt. Ech sin daat, waat sech op der Party enner d'Leit mecht an um Dancefloor abgeet - fir d'Stemmung anzefänken an mech selwer un ärer Gesellschaft ze bedeelegen. PARTY kann ech :)

 

 

 

Op ärem groussen Daag well ech net nemmen den Fotograf sin. Ech well iech zur Sait stoen. Ech well een Deel vun ären Gäscht sin. Mattendran anstatt nemmen dobai. Loosst mech matfillen. Iech ennerstetzen.

Loosst mech en Deel vun eppes ganz Groussem sin.

 

Vun ärer gemeinsamer Zukunft.

 




PERSONALITY & FACTS

1. Reesen - nei Länner, nei Kulturen, nei Erliefnisser - et gett naicht besseres fir sech perseinlech weider ze entweckelen an sech ze entfaalen. Ech profiteieren vun all fraier Sekonn fir aus dem Alldaag auszebriechen an mir selwer mat mengem Mann wichteg Pausen ze gönnen.

 

 

 

2. Kachen - Reegelmeisseg verbrengen ech vill Zait mat mengen Kollegen an menger Famill an lueden sie an meng Kichen an, wou sie sech duech meng Kachkenscht verféieren loossen dierfen. Wann net alles giess gett, kreien sie een Doggybag fir mat Heem :)

3. Sport & Selfcare - sait 2023 beschäftegen ech mech mei Intensiv mat menger eegener Gesondheet - saitdeem hun ech schon iwwer 25 KG oofgeholl an mir meng mental an kierperlech Fitness haart an mat vill Stolz erkämpft. Fir am Geescht fresch ze bleiwen, liesen ech an der Vakanz Bicher iwwer mental Themen souwei iwwer Selflove.

 

 

 

4. Planzen oder Blummen - wann et een Mensch op der Welt gett, deen KEEN grengen Daumen huet, dann hudd dir en elo fonnt - ech kreien souguer ee Kaktus futti :(

5. Musik - EMMER AN IWWERALL! Musik leisst an mir souvill aus - Freed, Tréinen, Party, alles quer duech den Gaart. Vun Schlager iwwer RNB an Rock bis hin zu gailem Trashpop 80's oder 90's, waat gett et besseres? Iwweregens sin ech an mengem Frendeskrees als lieweg Karaokemaschine an allzait Animateur/Moderator bekannt - froot leiwer net :)

 

 

 

 

6. Trash & Reality TV - eigentlech sollt ech mech schummen, mee nee - ech kennen - an kucken se ALL! Dofir kucken ech soss keng eng Serie op Netflix! :)