Connie & Jacques
"Merci fir dei Fotoen Bibbes, ech keint keng mei schein Erennerung un deen Daach hun, wierklech! Du bass ee wonnerbaren Mënsch, eng super Frendin an dee beschten Fotograf!" Liebe! ♥️♥️♥️♥️
Joy & Eric
Bibbes Du bass einfach goldwert!✨ Un dénge Fotoen geseiht een datt et déng Passioun ass an datt's Du mat Häerz an Séil dobäi bass! Mir sinn sprachlos an iwwerwältegt vun dénger Arbescht an mir sinn impressionéiert datt's Du eis ëmmer rëm op neit iwweraschs an mir iwwerschott sinn mat Emotiounen duerch déng Fotoen! Du mëss däin Job professionel an awer haat een op der Hochzäit ni d‘Gefill datt s Du ,schaffe’ géings (natierlech ass et eng haart Arbescht!), waat ech wëll soen: Du wars present an mir hunn eis bei Dir gefillt wéi matt enger gudder Frendin oder wéi mat engem vun der Famill, Du hues vun der éischter Sekonn un dozou gehéiert, gepasst wéi d‘Fauscht op d‘Aan an äist Fest komplett gemaach! Du bass einfach genial! Mir soen Dir villmools Merci fir déng Méih, déng Gedold, däin Aan fir den Detail, di Emotiounen déi s Du eis duerch déng Fotoen verspiere léiss! Mir sinn immens frou mat Dir an dat net nëmmen well s Du gutt fotograféire kanns, Du bass ee wonnerbare, immens léiwen an häerzleche Mënsch an mir wëllen Dech ëmmer nes iwwerall dobäi hunn wann et eppes festzehaalen gëtt! Déng Arbescht déi s Du leeschts, mat deem Resultat ass ee Kado! Décke, fette Merci! Mir drécken Dech!🥹♥️
Jessica & Ben
"Ech wuar esou frou an iwwerwältegt vun den Fotoen. Se sin einfach mega, ech kann et net gleewen, hätt net geduecht dass ech sou gudd kann ausgesin. D'Fotoen sin genau sou wei den Daag och war, wonnerschein. Villmols Merci. Mir sin wierklech dankbar, dass mir dech haaten."
Mélanie & Mike
"D'Fotoen sin immens flott an ganz schein gin. Et deet eis gudd mol rem een Iwwerbleck vum ganzen Daag an Owend vun eisem scheinen Hochzaitsdaag ze hun. Du hues et einfach top gemeeschert fir dei Momenter kennen ze "freezen" an dei fir d'Eiwegkeet kennen ze behaalen. Villmols Merci Bibbes fir deng top Aarbescht! Mir freen eis, dei schein Fotoen kennen mat eisen Frënn an Famillen ze deelen an hier Reaktiounen an Feedbacks ze kreien!"
Martine & Pier
"Mega schein Fotoen! Respekt! Och vun Momenter wou ech gemengt hun, du häss se net agefaangen an dach, hues de et! Wei eng kleng Fee dei onopfälleg iwwerall Fotoen gemaach huet. Mir sin wierklech mega zefridden mat denger Aarbescht. Merci fir dei schein Erennerungen!"
Sandra & Roy
"D'Fotoen sin wonnerschein. Genau daat waat mir eis firgestallt haaten. Mir haaten mega Spaass, wei emmer. Et ass sou erfreschend einfach am Fotoshooting mat dir, emmer rem eng grouss Freed."